Profile cover photo
Profile photo
Spellchecker.lu
85 followers -
Lëtzebuergesch Texter online korrigéieren op http://spellchecker.lu/
Lëtzebuergesch Texter online korrigéieren op http://spellchecker.lu/

85 followers
About
Posts

Bei Orange kann een elo en Telefon kafe bei deem CyanogenMod mat de Lëtzebuergeschen Iwwersetzunge virinstalléiert ass. (CyanogenMod ass en alternativen System fir verschidden Android-Telefonen). Orange ass domat deen éischte Provider zu Lëtzebuerg deen dëse Choix ubitt.

Detailer bei Orange: http://corporate.orange.lu/fr/actualites/menus-luxembourgeois

An hei als Erënnerung den Artikel aus dem Mäerz iwwer d'Iwwersetzungen: https://spellchecker.lu/2015/03/android-op-letzebuergesch/
Add a comment...

Post has attachment
Den Handy kann een elo op Lëtzebuergesch benotzen. Méiglech gemaach hunn dat de Michel Weimerskirch, Entwéckler vum Projet Spellchecker.lu, an den Edson Souza Morais, Auteur a Korrekter op der lëtzebuergescher Wikipedia, déi d’Android-Variant “CyanogenMod” an hirer Fräizäit iwwersat hunn.
Add a comment...

Vun haut un ass op Spellchecker.lu e Forum: https://spellchecker.lu/forum/
Hei ka jiddweree seng Froen an Umierkungen zum Projet hannerloossen an an Zukunft Äntwerten op déi heefegste Froe fannen.
Add a comment...

Post has attachment
Neien Update (den éischte richteg grousse säit bal engem Joer). Wéi ëmmer am Online-Checker ënnert https://spellchecker.lu/online-checker/ an als Download-Versioun: https://spellchecker.lu/download/
Add a comment...

Post has attachment
Ech wënschen e gudde Rutsch an dat neit Joer. :-)
Add a comment...

Post has attachment
D'Spellchecker.lu-Benotzerëmfro ass elo online: https://emfro.spellchecker.lu/index.php/444646

D'Froe sinn an 3 Gruppen agedeelt an d'Beäntweren dauert manner ewéi 10 Minutten. 

Zil ass et, erausfannen, wéi, wou, a fir wéieng Zwecker d'Servicer vu Spellchecker.lu benotzt ginn, fir d'Qualitéit weider kënnen ze verbesseren.

Merci fir d'Ënnerstëtzung a fir d'Matmaachen! - Michel
Add a comment...

De Server hat e klengen "Hick". De Site misst elo awer nees erreechbar sinn.
Add a comment...

D'SSL-Verschlësselung op Spellchecker.lu gouf moderniséiert. W.e.g. Bescheed soe falls iergendee keen Accès méi op de Site sollt hunn (an direkt dobäischreiwe mat wat fir engem Browser a wéi enger Browserversioun et net geet).
Add a comment...

Spellchecker.lu war vum "Heartbleed"-Bug betraff. Et waren zwar keng Spure vun engem Agrëff ze fannen, mee sécher ass sécher; a well net honnertprozenteg auszeschléissen ass dass eenzel verschlësselt Passwierder ausgelies konnte ginn sinn e puer Sécherheetsmoossname geholl ginn. Méi Informatiounen: https://spellchecker.lu/2014/04/heartbleed-bug-passwierder-anneren/
Add a comment...

Post has attachment
Vun haut u bitt Spellchchecker.lu e Fax-Service un: Dir kënnt Är Texter op der Hand, um Computer oder op der Schreifmaschinn schreiwen an dann un eis faxen. D’Korrektur kënnt dann no e puer Minutte per Fax zréck.

Weider Detailer iwwert dësen neie Service: https://spellchecker.lu/2014/04/fax-service/
Add a comment...
Wait while more posts are being loaded